
Asiatesch Horniss
Bei der asiatescher Horniss handelt et sech em eng invasiv friem Spezies, déi aus Asie kënnt a warscheinlech 2004 mat enger Planzeliwwerung aus China a Südfrankräich importéiert gouf. Säitdeem verbreet si sech lues a lues an Europa. Am September 2020 ass dës invasiv Zort fir eng éischte Kéier a Lëtzebuerg gesiicht ginn. Sie ass e bessien méi kleng wéi déi heemesch Horniss, huet een donkele Kierper an opfälleg giel Been.
D'Nascht vun der asiatescher Horniss ka ganz imposant an op alle Plazen ze fanne sinn. Et kann een Duerchmiesser vu méi ewéi 1 Meter hunn. Een éischt Nascht ass am Joer 2020 zu Esch a 15 Meter héicht op engem Bam entdeckt ginn.
Fir d'Mënschen ass d'asiatesch Horniss net méi geféierlech wéi déi heemesch Horniss, dës huet et éischter op ons heemesch Hunnegbeien ofgesinn.
Wann Dir eng asiatesch Horniss oder en Nascht gesitt, kënnt Dir de Natur-Musée per E-mail u vespa@neobiota.lu oder d'Administration de la Nature et des Forêts heiriwwer informéieren.


