top of page

Dir wollt schonn ëmmer eng Kéier ee Beiestack vu banne gesinn oder méi iwwer d'Bei gewuer ginn?

Kommt laanscht!

Vu Mee bis August bidde mir Visitten op Rendez-vous bei onse Beiestäck un. Dës Visitte ginn a klenge Gruppe gemaach a sinn Wiederofhängeg, Beien hunn de Reen net gär, dofir maache mir d'Beiestäck och net op wann et reent.

Bei dëser Visitt kritt Dir gewisen wéi den Imker a seng Beie schaffen, Dir kritt déi néideg Erklärungen a kënnt dann och Är Froe stellen.

Bei Interesse mellt Iech bei ons iwwer E-mail op kleng.hunnegbei@pt.lu (einfach op de Button drécken)

Mir freeën ons op Äre Besuch.

bottom of page