HUNNEG

Hunneg gëtt vun den Hunnegbeien aus dem Nektar vu Bléien oder aus Hunnegtau gemaach. D'Beie maachen Hunneg eréischt dann, wann genuch Nektar oder Hunnegtau zesummegedroen gëtt. Nëmme wann de lafende Bedarf fir d'Ernierung vum Vollek an d'Opzuucht vun der Brut gedeckt ass, gëtt Hunneg gemaach. Den Hunneg ass d'Nahrungsreserv vun de Beien zum Beispill fir d'Iwwerwanterung.

Planze setzen hiren Siebröhresaaft fir de Stofftransport an. D'Bléieplanze scheeden dëse Saaft als Nektar aus. Mat him lackele si Insekten, wéi d'Beien, un. Dat muss si maachen, well d'Planz op d'Bestëbsungsleeschtung vun den Insekten ugewisen ass. Am Géigenzuch brauchen d'Beien de Nektar, well si gewannen aus him den Hunneg, deen si als Fudderreserv fir de Wanter uleeën an deen d'Iwwerliewe vum Vollek séchert. Dësen Hunneg heescht Bléienhunneg. Ofhängeg vun de Planzenaarten, vun deenen d'Beie sammelen, huet den Hunneg aner Eegenschaften. Akazienhunneg ass ganz hell a bleift flësseg. Aner Hunneger ginn dogéint fest, wéi beispillsweis Raps- oder Alpenrosenhunneg. Awer och beim Geschmaach an Doft ginn et Ënnerscheeder.

Nëmmen d'Sammelen vum Nektar oder Hunnegtau geet awer net duer. Nach weider Schrëtt sinn néideg bis séissen, goldegen Hunneg entsteet. D'Bei saugt den Nektar oder Hunnegtau mam Rüssel op. Iwwer d'Speiseröhre gelaangt dee séisse Saaft an den Hunnegmoo/Hunnegblos vun der Bei. Flitt d'Bei zréck an hire Stack, liwwert si de Bloseninhalt un d'Stackbeien of, déi dësen dann weiderginn. All Kéiers gëtt dobäi den zockerhaltege Saaft opgesaugt an erëm ofginn. Dobäi reichert sech de Nektar mat Enzymen, Eeweisser, Sairen an anere Stoffer vun de Beien un. D'Beie mussen ausserdeem den Hunneg décksen, well en een nach vill ze héijen Waasserundeel huet an an dësem Zoustand gäere géif. De Waassergehalt gëtt reduzéiert, andeems d'Bei eng Nektardrëpps e puer Mol iwwer de Rüssel erausléisst an erëm opsaugt.

Soubal de Waassergehalt bei 30 – 40% läit, gëtt dee verdéckten Nektar an eidel Wabenzellen verbreet. Well d'Zellen net ganz gefëllt ginn, gëtt eng méiglechst grouss Verdonstungsfläch geschaafen. D'Verdonstung gëtt dann duerch Fächelen mat de Flilleken beschleunegt. Bei deem ganze Prozess senkt de Waassergehalt vun 70 – 75% op 20% oder manner. Elo ass den Hunneg fäerdeg. D'Beien droen den Hunneg elo an d'Lagerzellen iwwer dem Brutnascht an iwwerzéien en mat engem loftonduerchlässegen Wuessdeckel. Dëse Virgang gëtt vum Imker als “Verdeckelen” bezeechent.

Wann den Hunneg räif, also de Waassergehalt niddreg genuch ass (ënner 18%), ernt den Imker den Hunneg. Iwwregens: a Lëtzebuerg däerf den Hunneg net weider behandelt ginn. Dat mëscht den heemeschen Hunneg qualitativ esou héichwäerteg.


Den Hunnegertrag vun engem Beiestack läit bei 20-40 kg. Den Ertrag hänkt vu verschidden Aspekter of, wéi z. Bsp. vum Emplacement vun de Beiestäck (Éislek, Stad oder Guttland), vum Wieder, vun der Truecht déi d'Beie fannen, souwéi vun der Stäerkt vum Beievollek. 

IMG_5548.JPG