Propolis besteet aus knapp 200 verschidde Substanzen. Haaptbestanddeeler sinn Haarz a Wuess. Donieft si Pollen, ätheresch Ueleger, organesch Stoffer, wéi Flavonoide a Mineralstoffer am Propolis enthalen.
Wierkung
Propolis huet sech virun allem duerch seng antibakteriell Wierkung een Numm gemaach. Antëscht weess ee vu méi wéi 70 verschiddene Wierkungen, déi heelend a präventiv fir Mënsch an Déier sinn. D'Naturheelmëttel gëtt awer och bei der Bekämpfung vu Viren a Pilzen agesat.
Propolis ass eigentlech ee Baustoff fir de Beiestack. E reegt ënner anerem de Stoffwiessel un a stäerkt den Immunsystem. Doriwwer eraus ënnerstëtzt en onse Kierper bei der Zellerneierung a Regeneratioun a ka bei Allergien, Erkältungen a villen anere Beschwerden hëllefen.
Propolis a seng Uwendung
Äusserlech
(verdënnt oder onverdënnt)
Fir d'Desinfektioun bei klengere Wonnen – Mondspülung - bei Pickel, bei Akne, bei Waarzelen, Fousspilz an aneren Hautpilzen, Kréienaen a Brenesselsféiwer
Oral
ëmmer verdënnt
Fir ze Verdënne 5-10 Drëpsen an engem Glas Waasser, enger Taass Téi, enger Taass Mëllech … opléisen (heibäi bilt sech am Glas Waasser ee Flom op der Uewerfläch, wat eng normal Reaktioun ass), duerno drénken
Ofwierschwächt an Erkältungskrankheeten – Stäerkung vum Immunsystem
Bei Entzündungen am Mondraum
drängt Dir ee Wattestäbchen mat Propolis Tinktur a reift déi entspriechend Plaz domat an. Dir kënnt och mat verdënnter Tinktur guergelen.
Bei klenge Verletzunge wéi Schürfwonnen
gitt Dir d'Propolis Tinktur am beschten onverdënnt op d'Wonn. Oppassen, wéinst deem an der Tinktur enthalenen Alkohol brennt et e bessien. Allerdéngs „verpecht“ d'Tinktur d'Wonn mat engem Schutzfilm a schützt se esou virum Andrénge vu Bakterien. Bei gréissere Wonne sollt een Dokter consultéiert ginn.
Hauterkrankungen
Bei Akne, Waarzelen, Fousspilz, Kréienaen asw. gitt Dir direkt eng Drëps Tinktur op déi Plaz déi entzünt ass.
Lagerung
D'Propolis Tinktur sollt éischter kill an donkel gelagert ginn.
Flecke vu Propolis op Kleedungsstécker an aneren Uewerfläche loossen sech meeschtens net méi ganz ewech maachen!
Uwendung vun der Propolis Tinktur
Propolis ka souwuel oral wéi och äusserlech ugewannt ginn. Opgrond vun der Alkoholkonzentratioun ass et weder fir Kanner nach fir Déiere gëeegent. Et gëtt vun enger gudder Wierksamkeet bei Beschwerde bericht, déi ee bakteriellen, viralen oder mykotëschen Hannergrond hunn. Sou kann d'Propolis Tinktur an Ofsprooch mat engem Dokter beispillsweis bei Pickelen, Fousspilz, Lëppsenherpes oder zur Virbeugung vun Erkältunge genotzt ginn.
D'Propolis Tinktur hëlleft bei ville verschiddene Krankheeten a wierkt zudeem präventiv. Si kann oral oder äusserlech ugewannt ginn.

Uwendung vun der Propolis Salef
D'Uwendungsméiglechkeete vun der Propolis Salef si villfälteg. Generell kann ee soen, dass d'Salef sämtlech Prozesser, déi d'Haut uginn, positiv beaflosse kënnen.
Propolis hemmt entzündlech Prozesser, andeems et déi schiedlech Bakterien ugräift, um Wuessen hënnert an eliminéiert.
Eng heefeg Ursaach fir Hautproblemer si Pilze. Mat Propolis Salef loossen sech Haut- oder Fousspilz, ënnerstëtzend zur vum Dokter verschriwwener Therapie, bekämpfen, dëst no Ofsprooch mam Dokter.
Si hëlleft bei der Bekämpfung vun Abszessen, Furunkelen oder Karbunkelen (Usammlung vun Eeter ënner der Hautuewerfläch).
Si hëlleft bei der Heelung vu Wonne mat der uschléissender Narbebildung.
D'Propolis Salef ka bei der deeglecher Gesiichts- a Kierperfleeg benotz ginn.
Lagerung
D'Propolis Salef sollt éischter kill an däischter gelagert ginn.
Ze beuechten: Vereenzelt kann et zu allergesche Reaktioune bei der Uwendung vu Propolis kommen. Wann Dir Propolis bis elo nach net ugewannt hutt, test eng eventuell Reaktioun fir d'éischt mat engem Hauttest. Gidd e bessien Propolis op den Handréck a kuckt ob Dir drop reagéiert z.B. Ären Handréck gëtt rout. Sollt eng Reaktioun stattfannen, huelt op kee Fall Propolis an.