Nëschtméiglechkeeten fir Wëllbeien
Vill vun den iwwer 300 heemesche Wëllbeienaarten stinn op der “Rouder Lëscht”. Bitt Nëschtméiglechkeeten fir Wëllbeien un. Et muss net onbedéngt ee risegt „Beien- oder Insektenhotel“ sinn, och mat wéineg Opwand kënnt Dir onse Frënn hëllefen. Vill Wëllbeien sinn usprochsvoll, dofir kënnt et op déi richteg Bauart un.
Ee Beispill vun engem Beienhotel fannt Dir op dëser Säit.
Beienhotel bauen
Hei ee Beispill vun engem Wëllbeienhotel.
Fir de Bau vun engem Beienhotel brauch een:
-
Fir d'Rumm: eng einfach Holzkëscht, wéi een se am Baumaart ze kafe kritt (alternativ kann dës och selwer gebaut ginn)
-
Fir d'Fëllung: Huelt Bambusréiercher mat ënnerschiddlechem Duerchmiesser. Wéivill Dir der braucht hänkt vun der Gréisst vun Ärer Holzkëscht of.
Sou geet et:
-
Bambusrouer op déi richteg Längt (minimum aacht Zentimeter) seeën.
-
Schnëttstellen ofschläifen, soudass keng gespläitert Hällemecker d'Lach verspären.
-
D'Holzkëscht mat der viischter Säit no uewen op eng stabil Ënnerlag leeën.
-
Elo ginn d'Bambusréiercher héichkanteg no beieneen agefëllt.
-
Fir d'Fixéierung vun de Réiercher an der Holzkëscht eegnen sech Stréihällem. Mat dësen loossen sech déi Huelraim ausfëllen. Grondsätzlech sollt kee Pech benotzt ginn, well et heefeg virkënnt, dass eenzel Réiercher mat der Zäit vu Milben befall ginn an dowéinst ausgetosch sollte ginn. Eemol festgepecht, loossen sech d'Nëschtréiercher net méi eraushuelen ounst aner Nëschter ze beschiedegen.
-
D'Wëllbeiemueden sinn ee Leckerbëssen fir Villercher. Sollten Spiecht oder Meisecher déi Nëschtréiercher aus dem Beienhotel zéien, sou kann mat Kanéngerchersdrot (23 mm) schnell Ofhëllef geschaaft ginn.