
Iwwerwantere vun de Beien
No der Sonnewend den 21. Juni, bereeden sech d´Beien instinktiv lues a lues op de Wanter vir, andeems de Bestand vum Vollek lues a lues erof geet, dëst well d'Kinnigin manner Stëfter leet.
Well manner Brut vun den Aarbechterinne gepfleegt muss ginn, steigert doduerch hier Liewenserwaardung bis zu 6 Méint.
Déi héich Liewenserwaardung vun de Wanterbeien erméiglecht dem Vollek de Wanter ze iwwerliewen.
Fir dass ons Beie staark duerch de Wanter kommen, ginn si gewien an dat wat u Fudder feelt, gëtt a Form vun Zockerwaasser nogefiddert. Heibäi hu mir zwou Methoden, bei der éischter gëtt ee propperen Eemer mat Korkstëpp a klengen Äscht (wou d‘Beie kënnen erop klammen) gefëllt, bei der zweeter Method gëtt d‘Zockerwaasser an eng speziell Zarge gefëllt.
