top of page
68408182_494984607979862_674444976553197

 

Ons Betribsweis

 

Ons Beie ginn naturgerecht a Magasinner aus Holz gehal. D’Standplazen zu Duelem / Welfréng sinn esou ausgesicht, dass eng gutt Versuergung mat Pollen, Nektar a Waasser garantéiert sinn. Ons Beie kréien am Laf vun der Saison och d’Méiglechkeet, Naturwaben ze bauen.

D’Mëttelwänn, déi mir benotzen, bestinn nëmmen aus onbelaaschtem Wuess an Entdeckelungswuess. 

 

Hunneg ass eent vun onsen natierlechsten Liewensmëttel.

Hien ass a senger Zesummesetzung iwwer Joerdausenden quasi onverännert bliwwen.

Fir d’Qualitéit vum Hunneg sinn an éischter Linn d’Beie selwer verantwortlech.

Den Imker dréit säin Deel duerch eng fachgerecht Behandlung bäi. Mir verschaffen nëmmen ausgeräiften Hunneg a passen op, dass en zum richtegen Zäitpunkt, schounend geschleidert, duerno gefiltert a kläre gelooss gëtt.

Um Ufank vun der Kandéierung gëtt e geréiert an uschléissend direkt an d’Glieser agefëllt. Onsen Hunneg gëtt kill an däischter gelagert, fir dass seng wäertvoll Eegenschaften erhale bleiwen.

 

Déi Kleng Hunnegbei bitt Iech Hunneg vun heiheem a beschter Qualitéit.

Carnica.jpg

 

Carnica-Bei 

Bis zu 60 000 Beien liewen zesummen an engem Beievollek.

De Mënsch faszinéiert sech seit Joerdausenden, wéi organiséiert an zielgeriicht d'Verhale vun de Beien ass.

 

An engem Beievollek huet all Bei seng Aufgab, déi sech fortlafend ännert.

 

Beie sinn dat bescht Beispill fir eng sozial Gemeinschaft, déi an alle Beräicher perfekt fonctionéiert.

 

Zu Lëtzebuerg ginn et prinzipiell zwou Zorte vun Hunnegbeien, déi an der Imkerei ze fanne sinn, d'Carnica an d'Buckfast.

D'Carnica staamt aus de Balkan-Regiounen. Si  ass eng natierlech entstanen Ënnerzort vun der westlecher Hunnegbei. D'Imker nenne si och einfach Carnica.

Duerch déi héich Hunnegerträg an déi aner positiv Eegenschaften hu mir ons entscheet, fir mat der Carnica ze schaffen.

bottom of page