top of page

 

Varroa

Een aus Asien importéierte Parasit, d'Varroamilb, bereet den Imker a soumat och de Beievëlker zanter Joerzéngten Suergen. D'Varroamilb ass ongeféier 2 Millimeter laang a staamt aus der Famill vun de "Varroidae". Am Géigesaz zu hirer asiatescher Famill, sinn ons heemesch Beievëlker net an der Lag dës aachtbeeneg Gefor eegestänneg ze bekämpfen.

Wat mëscht déi Varroamilb esou geféierlech?

D'Varroamilb ernäert sech vum Blutt vun de Beien, fir ganz genee ze sinn, vun der sougenannter Hämolymphe, der nährstoffhalteger Kierperflëssegkeet vun de Beien. Si kann sech un den erwuessenen Aarbechterbeien festsaugen an ernäert sech duerno vun hirem Blutt. Vill méi interessant ass et fir d'Varroamilb awer an de Beiestack ze gelaangen, wou si sech an déi nach net verpoppten Zellen vun der Beiebrut annëscht a sech esou weidervermehrt. 

Bei enger eenzeger Milb kann sech a kuerzer Zäit eng Onmass vun neie Milben entwéckelen. Ginn d'Milben an engem ze mëlle Wanter oder duerch eng Net-Behandlung vum Imker net vernicht, entwéckelt d'Vermehrung vun der Varroa sech zu engem déidleche Problem fir dat ganzt Vollek.

Ganz wichteg ass dofir eng disziplinéiert Behandlung géint d`Varroamilb duerch den Imker.

Fir de Befall vun dëser Varroamilb ze kontrolléieren, setzt den Imker ee Sheet ënnert déi jeeweileg Këschten vun de Beievëlker. D'Unzuel vun den doudege Varroamilben verréit dem Imker wéi héich de Befall ass.

Bei ons zu Lëtzebuerg dierf nëmme mat natierlechen organesche Saiere geschafft ginn, der sougenannter Ameise- oder Oxalsaier. Wichteg ass, dass eng Behandlung ni stattfannen dierf, esou laang den Hunnegraum um Beiestack drop ass.

Varroa.jpg
DSC_2017.JPG
Varroa 2.jpg
Varroa 3.jpg
bottom of page