top of page

Hëllef fir d'Beien

Wat kann ee fir eng beiefrëndlech Ëmwelt maachen?

Gréngflächen an der Stad oder privat Gäert sinn hautzedaags heefeg esou gestalt, dass si dat mënschlecht Aen erfreeë sollen, also op d'Ästhetik ausgeriicht sinn. Wat fir d'Beien, awer och fir aner Liewewiesen interessant ass, gëtt net berécksiichtegt. Well d'Liewensraim an d'Nahrungsoffer fir Beien ëmmer manner ginn, gi beiefrëndlech Gäert ëmmer méi wichteg, déi ganzjäreg eng Nahrungsoffer an Nëschtplaze bidden.

Beiefrëndlech Planzen

 


Eng beiefrëndlech Beplanzung kann eppes Bléiendes an engem Blummebac, een Uebstbam am Gaart oder wëll Planze sinn. Dat alles bitt eng villfälteg Offer fir Hunnegbeien, Päiperleken, Brommeler an déi vill winzeg Solitärbeien. Matenee kombinéiert bilden sech esou Oasen fir hongreg Bestëbser. 

Beispiller fir beiefrëndlech Gaarde-Gewächser


Blummebeet: Dausendblietchen, Lavendel, Sonneblumm, Narziss ... 

Beem a Straicher: Hammbier, Päerdsbier, Pafenhittchen, Wäissdar, Hieselter, Wantergréng (Efeu), Lann, Kiischtebam, Käschtebam ...


Geméisbeet: Kléi, Kürbis, Zwiwwelen, Kabes, Muerten, Gewierzkraider ...


Balcon:  Kapuzinerkresse, Kichekraider (Salbei, Rosmarin, Lavendel, Peffermënz, Thymian) ...

Wëll Wiss: Pissblumm, Feierblumm, Margréitchen, Karblumm ... 

Blummen.jpg

Hunneg aus denger Regioun

Bal 80% vun onsem Hunnegkonsum staamt aus Importer. Hunneg aus dem Supermarché sinn heefeg Mëschungen vun Hunneger aus Net-EU-Länner. Dës enthalen mat héijer Warscheinlechkeet Hunneg aus Südamerika – wou  Gentechnik-Planzen am grousse Stil ugebaut ginn, wou de Pollen dann an den Hunneg geréit. Nieft der Ëmweltbelaaschtung duerch déi laang Transportweeër kënnen och Beiekrankheeten agefouert ginn. Et ass dohier sënnvoll, Hunneg aus Ärer Regioun direkt vum Imker ze bezéien.

Maacht den Test, Dir wäert erstaunt sinn. Gidd an de Supermarché an kuckt Iech déi Hunnegglieser un. Dir wäert eng helle Wull un Hunneg fannen, awer net vill aus Ärer Regioun.

Verzicht op Pestiziden

 

 

Op beieschiedegend Planzeschutz-, Onkraut- an Schiedlengsbekämpfungsmëttel, also Pestizide, Herbizide an Biozide sollt Dir an Ärem Haus a Gaart verzichten. Grad Cocktailen aus verschiddene Gëfter kënnen déidlech sinn. D'Huele vun 'Beiegeféierlechen' Neonicotinoiden sinn weitgehend och an den Haus- a Klenggäert verbueden. Schlummeren nach Neonicotinode och an Ärem Haushalt? Et gëtt genuch Alternativen. Vill Biogäertner ginn fir all Problem een Tipp. 

Beiefrëndlech Liewensmëttel

Saisonal Liewensmëttel aus regionaler ökologescher Landwirtschaft si meeschtens besser, well op Beieschiedlech Pestiziden verzicht gëtt. Sidd och fair géigeniwwer vun de Produzenten: Qualitéit an Beiefrëndlechkeet sinn hire Präis wäert, dofir bezuelt ee faire Präis. Leider ass Bio net gläich Bio an heiansdo ass Bio net nohalteg. Informéiert Iech!

Kuckt an Ärer Géigend fir déi lokal Produzenten ze ënnerstëtzen.

Beiekrankheeten stoppen - Hunnegglieser ëmmer ausspullen

Krankheeten wéi déi amerikanesch Faulbrut gi bei ons agefuer. Déi ausléisend Endosporen ginn ë.a. duerch Hunnegreschter a Glascontaineren verbreet. Am Hierscht fléien d'Beien drop a bréngen esou déi déidlech Krankheet an déi heemesch Vëlker. Dofir Hunnegglieser am Beschten an der Spullmaschinn spullen iert een dës an de Glascontainer geheit oder ons d'Glieser zréck ginn, dat ass méi nohalteg a besser fir d'Ëmwelt. 

bottom of page