top of page

Vun der Larv zur Bei

Beim Feil Nummer 1 gesäit een e Stëft dee vun der Kinnigin an d‘Mëtt vun enger Zell geluecht ginn ass - bei de Feiler 2 bis 4 gesäit een d‘Entwécklung vun der Larv - an dësem Stadium ginn d‘Larve mat Pollen an Hunneg gefiddert, dëst bis dass d‘Zelle vun de Beie verdeckelt ginn.

Nom 8. Dag gëtt d‘Zell mat Wuess verdeckelt an d‘Larv entwéckelt sech zur Bei - op dëser Foto gesäit ee scho verdeckelt Zellen an där, déi kuerz virdru si verdeckelt ze ginn.
Bei der Dronebrut gëtt d'Zell nom 10. Dag verdeckelt.

No 21 Deeg schlüpft dann déi fäerdeg entwéckelt Bei - op dëser gesäit een eng Bei déi den Dag vun der Foto Mëttes geschlüpft ass.
D'Drone schlüpfen no 24 Deeg.
bottom of page