Beiestierwen

Beie spillen eng zentral Roll beim Erhale vun onsem Ökosystem. Säit Joren awer stierft weltwäit e Groussdeel vun der Beiepopulatioun. Den Haaptgrond dofir ass warscheinlech de Mënsch.

Net auszedenken wat géing passéieren, wann et keng Beie méi géif ginn. Logesch, Dir misst op Hunneg verzichten. A soss? Iwwerleet emol: och d'Äerdbiersgebeess géif et net méi ginn. Iwwerhaapt géif e Groussdeel vun de Produiten, déi am Moment deeglech bei ons um Dësch stinn, verschwannen. Well, wann d'Bei op hirer Nahrungssich, déi spéider an der Produktioun vun Hunneg ophält, Pollen vun Bléi zu Bléi weiderdréit, ass si d'Bestëbserin vun ongeféier engem Drëttel vun alle landwirtschaftleche Notzplanzen. 

Et ass onheemlech, awer wouer: dëst klengt, onscheinbaart Insekt spillt eng zentral Roll beim Erhale vun onser Kultur- a Landwirtschaft. Beien an aner Bléiebestëbser droen wesentlech zum Erhale vun der Aartevillfalt bei, well si suergen fir d'Bestëbsung vun honnertdausende vu Planzen, op déi dann erëm onmoosseg vill Déierenaarten als Nahrungsgrondlag ugewise sinn. Ëmsou besuergneserreegender ass d'Tatsaach, dass an de leschte Joren weltwäit konsequent ëmmer méi Beiepopulatiounen einfach wechstierwen. Sou gëtt et an Europa ongeféier zéng Prozent manner Beien wéi nach virun e puer Joren, an den USA ass ee Réckgang vun 30 Prozent ze verzeechnen – am Noen Osten sinn et souguer 85 Prozent.

Obwuel d'Beiestierwen ëmmer mol erëm een Thema an de Medien ass, ass dat ëffentlecht Bewosstsinn fir des Problematik nach verhältnesméisseg geréng. Eng iwwerraschend Tatsaach, wann ee bedenkt, dass duerch de weidere Réckgang vun de Beien net nëmmen Wisen a Bëscher ëm sou munches méi eidel géinge ginn, mais och d'Liewensmëttelversuergung fir steteg wuessend Massen u Mënschen eeschthaft bedreet ass.

Wisou genau d'Beiepopulatioune stierwen léisst sech net esou einfach beäntwerten - et geet ee leedeglech dovun aus, dass hei méi Elementer zesummewierken. Krankheetserreeger, déi industriell Landwirtschaft mat hire Pestizidasätz an d'Monokulturen, d'Verschwanne vu Liewensraim, d'Loftverschmotzung an de Klimawandel - all dierften hei eng Roll spillen. A genau dowéinst bleift et schwéier, Léisungsusätz fir de Problem ze fannen. Wat kann een also maachen géint e Phänomen, wou d'Ursaachen net emol wierklech kloer sinn? D'UNEP, den Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen, gesäit do e scheinbar einfachen Auswee: mir mussen ons Landschaften erëm beiefrëndlecher maachen. Ënner anerem drängt d'UNEP fir d'éischt drop, d'Landwirtschaft däitlech méi nohalteg ze gestalten. An och als Eenzelen kann een all Dag op e Neits entscheeden, mat senge Liewens- an Konsumgewunnechten e beiefrëndlecht Klima ze schafen.