
Liewenszyklus vun der Hunnegbei
De Liewenszyklus vun der Hunnegbei ass fir den Imker ganz wichteg, well hien sech dem Liewe vun der Bei upasse muss.
Eng Aarbechterin, mat Ausnam vun der Wanterbei, lieft am Duerchschnëtt ca. 35 Deeg. Dobäi duerchleeft si verschidden Aarbechtsstatiounen:
-
01.-02. Dag: D'Bei botzt d'Zelle fir nei Beiebrut
-
03.-05. Dag: D'Bei fiddert déi eeler Larven a wiermt d'Brut
-
06.-12. Dag: D'Bei fiddert déi méi jonk Larven
-
13.-18. Dag: Elo ass d'Bei eng Baubei. Si schafft elo um Wabebau a veraarbecht Wuessplättercher.
-
15.-18. Dag: Ab dem 15. Dag iwwerhëlt d'Bei zousätzlech den Nektar, veraarbecht deen zu Hunneg, lagert deen an a stampft Pollen an.
-
15.-16. Dag: D'Bei flitt sech elo esou lues an
-
17.-21. Dag: Ab elo këmmert sech d'Bei als Wiechterbei em d'Ofwier vun Harespelen, reibernd Beien, Mënschen an aner Andrénglengen
-
22.-35. Dag: De groussen Dag ass komm. D'Bei ass elo eng Flugbei. Si geet op Sammelflig a sammelt Nektar, Pollen, Kittharz a Waasser. Niewebäi schafft si weider um Wabebau. U kalen Deeg iwwerhëlt d'Bei d'Hëtze vum Stack. Dat bedeit, dass d'Bei mat hirer Flugmuskulatur ufänkt ze zidderen an doduerch Wäermt fir d'Vollek produzéiert. U waarmen Deeg dogéint, fächert d'Bei mat Fligelschléi frësch kill Loft an de Beiebau.
-
35. Dag: D'Bei stierft, mee duerch hir méisam undauernd Aarbecht huet si an de vergaangene 35 Deeg gehollef, de neie Beien eng sécher Plaz ze schafen.
An engem Beievollek ginn et grondsätzlech 3 verschidde Wiesen.
-
D'Kinnigin – Dat weiblecht Wiesen (Nowuess kréien)
-
D'Aarbechterin – Déi fläisseg schafft (Uleeën vu Proviant)
-
D'Dron – Dat männlecht Wiesen (Begattung vun der Kinnigin)
D'Kinnigin

Direkt no der Gebuert këmmeren sech d'Ammebeien ganz staark em d'Wuelbefanne vun der jonker Kinnigin. Si gëtt eng Kéier zur wichtegster Fra an hirem Beievollek. D'Kinnigin stellt déi gemeinsam Identitéit sécher. Si koordinéiert hiert Vollek mat Hëllef vu spezielle Pheromoner (Doft). Aarbechterinne verdeelen dës Pheromoner gläichméisseg am Vollek.
Eng jonk Kinnigin geet ee Mol an hirem Liewe ganz eleng op hiren Hochzäitsflug. Sollt si laang genuch liewen an iergendwann nach eemol de Beiestack verloosse missen, sou mëscht si dëst nëmmen nach mat hirem eegene Schwarm, deem ongeféier d'Halschent vum Vollek ugehéiert.
D'Kinniginnen hunn allerdéngs alles anescht wéi een einfacht Liewen. Si suerge bal permanent fir Nowuess.
Nëmmen eng zur Kinnigin bestëmmt Beielarv gëtt mat dësem spezielle Kinniginnefuddersaaft (gelée royale) versuergt an erreecht eng ca. 3000 - fach Gewiichtszounam a 5 Deeg. D'Beiekinnigin, déi dann och hiert ganzt Liewen nëmme mat dësem kinnekleche Fuddersaaft ernäert gëtt, erreecht ee Liewensalter vu 5 - 6 Joer a leet deeglech 2000 - 3000 Eeër, wat weit méi entsprécht wéi hiert eegent Kierpergewiicht.
Aus der selwechter Beielarv awer, déi net mat kinneklechem Fuddersaaft, mais mat normalem Fudderbräi, gefiddert gëtt, entwéckelt sech ëmmer nëmmen eng Aarbechterin mat enger Liewenserwaardung vu 4 - 6 Wochen. Och de Kierperbau vun enger Aarbechterin ass vill méi kleng wéi dee vun enger Kinnigin. Well d'Kinnigin 5 - 6 Joer al gëtt a wärend dëser Zäit vun Ammebeien mat enger wesentlech kierzerer Liewenszäit versuergt gi muss, stellt sech d'Fro, wouraus des liewenserhaalend Nahrung am besonnesche besteet a wourop och déi héich Aktivitéit vun der Kinnigin zeréckzeféieren ass.


D'Aarbechterin
Raumen, botzen, Ammendéngschter (Nowuess versuergen) an d'Betreiung vun der Beiekinnigin gehéieren zu den Aufgabe vun enger Aarbechterin. Si ass och zoustänneg fir de Wabebau, d'Reserven an d'Hunnegbereedung. Erfuere Beie schaffen am Aussendéngscht als Wiechterinnen, Spurbeien (Opklärungsflig) an als Sammlerinnen.
Wann e Beievollek onverhofft seng Beiekinnigin verléiert, kann et heiansdo passéieren, dass eng Aarbechterin zäitweis d'Aufgab vum Eeërléen iwwerhëlt.
Si huet prinzipiell déi selwecht Ierwanlagen wéi d'Kinniginnen. Den Ënnerscheed ass nëmmen, dass d'Aarbechterin an hirer Kandheet eng aner Brutpfleg kritt huet wéi d'Kinnigin. D'Genom vun enger Kinnigin ass identesch mat deem vun enger Aarbechterin. Meeschtens kann ee soen, dass all Aarbechterin d'Duechter vun der Kinnigin ass an déi männlech Dronen hier Jongen. Bei ganz jonke Kinniginne kann et virkommen, dass e puer vun den Aarbechterinnen hir Schwëstere sinn.
Eng Aarbechterin bréngt als Nowuess nëmmen Dronen ervir. Si leet nëmmen onbefrucht Eeër, well si ni duerch eng Dron begatt ginn ass.

D'Dron

D'Dron entstaamt also aus engem onbefruchtenem Ee. Am Dagesgeschäft huet eng Dron net vill ze schaffen. Si huet net emol ee Stachel. Dofir awer besonnesch grouss Aen. Hier Aufgab ass eréischt da komm, wa jonk Kinniginnen op hiren Hochzäitsflug ginn. Mat hire groussen Ae kann si d'Kinnigin bei hirem Hochzäitsflug opspieren. Dat männlecht Déier wäert dann alles drusetzen déi Kinnigin ze besomen. Un den hënneschte Been huet si Hoerkëssen, mat deenen si d'Kinnigin beim Moment vun der Besomung festhält.